Lëtzebuerg: De François Jagut vum Guide Gault&Millau zum Kach vum Joer gewielt (2024)

Am gastronomesche Guide Gault&Millau goufen e Méindeg am Parc Hotel Alvisse déi talentéiertst Käch zu Lëtzebuerg ausgezeechent.

De François Jagut, Chefkach vum Restaurant Les Roses am Casino 2000 zu Munneref, gouf zum Kach vum Joer 2025 gewielt. Hien trëtt domat d'Successioun vum Louis Linster un.

De Restaurant Les Roses am Casino 2000 zu Munneref steet schonn erëm um Podium vum Guide Gault&Millau. Zwee Joer no der Auszeechnung vum Sommelier Thierry Corona, dee kuerz virun der Pensioun war, hunn d'Restaurantkritiker de Breton François Jagut zum Kach vum Joer 2025 gewielt. Dat gouf e Méindeg, de 14. Oktober, am Laf vum Nomëtteg am Parc Hotel Alvisse zu Dummeldeng offiziell annoncéiert. Eng Auszeechnung, déi dem Guide no "seng Beharrlechkeet, seng Kreativitéit a seng Entwécklung" belount.

De Laurent Fery, Direkter vu Gault&Millau Lëtzebuerg, beschreift de Chefkach vum Les Roses, deen zanter enger Rei Joren an der Kiche vum Casino 2000 schafft, als "virwëlzegen an observéierende Kach, dee sech gären a Fro stellt" an "d'Entwécklung vu senger Kiche bis zu méi Modernitéit a Liichtegkeet". De Restaurant kritt niewebäi seng drëtt Kachmutz mat enger Bewäertung vu 15,5/20, wat dës Adress "op den Niveau vu senger grousser Zäit" bréngt. "Vue de jonken Alter vum Kichechef", betount de Guide (de François Jagut ass 44 Joer al), "hu mir op nach méi Entwécklung gesat".

E weidere presigiéise Präis ass dee vum jonke Kichechef, deen an dësem Joer weiblech ass: d'Anne Knepper vum Restaurant Public House, deen an engem anere Casino, nämlech deem an der Stad, ass. Déi 27 Joer al Knepper huet de Guide duerch "d'Frëschheet an d'Finesse vun hiren Teller ronderëm de Lokavorismus, woubäi si Séisswaasserfësch a regionaalt Wëld, naturbeloosse Wäiner an hire fantastescht Sauerdeegbrout an de Virdergrond stellt, iwwerzeegt. De Laurent fery betount weider, datt d'Kächin "fir Nohaltegkeet steet, andeem si hir Offäll verwäert, wat gutt zu hirer Jugend an den Erausfuerderunge vun hirer Zäit passt, zousätzlech Argumenter, déi eis iwwerzeegt hunn".

17,5 fir de Louis Linster, 15 fir d'Apdikt an de Grünewald Chef’s table

Nieft der 15,5/20 fir de Restaurant Les Roses konnten zéng weider Restauranten hir Bewäertung am giele Guide verbesseren, virun allem de "Léa Linster" vum Louis Linster, Chefkach vum Joer 2024, deen op 17,5 geklommen ass. Dem Clovis Degraves säi "Grünewald Chef's Table" ass op 15 geklommen a krut seng drëtt Kachmutz, grad ewéi d'Apdikt vum Stärekach Matthieu Van Wetteren. D'Skybar an der City Concorde an d'Maison Lefèvre zu Esch kruten eng 14 an domat déi zweet Kachmutz, wärend de Baptiste Heugens mat sengem Restaurant Équilibrium a Clausen eng 13,5 erreecht huet. De Bonifas zu Nouspelt an déi dräi Restauranten an der Haaptstad: L'Hêtre Beim Musée, Le Bistro du Sommelier an de Radici kruten all eng 12,5.

D'Maison Lefèvre an de Grünewald Chef's Table sinn déi eenzeg zwee Restauranten, déi sech ëm ee Punkt verbessere konnten, wärend déi aner en hallwe Punkt bäikruten.

Status quo un der Spëtzt fir déi renomméiertst Restauranten zu Lëtzebuerg: Ma Langue Sourit (18,5), La Distillerie (18), Mosconi (17), Fani (17), Clairefontaine (16) a Ryôdô (16).

Doriwwer eraus hunn 13 Restauranten hire groussen Optrëtt am Guide: Beefbar zu Stroossen (12), Piri Piri um Kierchbierg (12), Chez Doudou zu Péiteng (12), Beim Bertchen zu Wuelessen (12), Artis zu Hesper (12,5), Podenco zu Batreng (12,5), Mu an der Stad (12,5), Thaï House an der Stad (12,5), Le Petit Bistro an der Stad (13), Aké by Kamakura an der Stad (13,5), Beim Schlass zu Wolz (13,5), Kore zu Stengefort (13,5) a Publice House an der Stad (14).

De Guide Gault&Millau, deen zanter siwe Joer eng zu 100% lëtzebuergesch Versioun erausgëtt, wielt all Joer déi bescht Käch, Restauranten, Brasserien, Baren a Chocolatiere vum Land souwéi e Choix vum lëtzebuergesche Wäisommet "d'Stäre vun der Musel".

🍴 Méi liesen :
🍛 De Louis Linster gëtt "Kach vum Joer"
🦞
🍣
🥦 Auszeechnunge fir d'Lëtzebuerger Gastronomen
🥩 De Cyril Molard vum "Ma Langue Sourit" ass de Kach vum Joer

Entdeckt all d'Laureaten am Video:

1. CHEF VUM JOER:
François Jagut, "Restaurant Les Roses"

2. JONKE CHEFFIN VUM JOER:
Anne Knepper, "Public House"

Guide Gault&Millau: Reaktioun vun der Jonker Cheffin vum Joer

Déi 28 Joer al Anne Knepper hat sech de Präis net erwaart, ma et wier e flotte Retour op Lëtzebuerg an eng "eenzegaarteg Reconnaissance" fir d'Public House.

3. RESTAURANT VUM TERROIR:
"Beim Schlass"

4. PÂTISSIER VUM JOER:
Florian Chauvière, "Skybar"

5. SOMMELIER VUM JOER:
Olivier Chocq & Malory Brunstein, "Flûte Alors"

6. H!P VUM JOER:
"BAO8"

7. BAR VUM JOER:
"Bonne Nouvelle"

8. ENTDECKUNG VUM JOER:
"Kore"

9. HOTESS VUM JOER:
Simonetta Mosconi

10. MEDITERRANE RESTAURANT VUM JOER:
"PODENCO"

Lëtzebuerg: De François Jagut vum Guide Gault&Millau zum Kach vum Joer gewielt (2024)

References

Top Articles
Latest Posts
Recommended Articles
Article information

Author: Sen. Ignacio Ratke

Last Updated:

Views: 5297

Rating: 4.6 / 5 (76 voted)

Reviews: 83% of readers found this page helpful

Author information

Name: Sen. Ignacio Ratke

Birthday: 1999-05-27

Address: Apt. 171 8116 Bailey Via, Roberthaven, GA 58289

Phone: +2585395768220

Job: Lead Liaison

Hobby: Lockpicking, LARPing, Lego building, Lapidary, Macrame, Book restoration, Bodybuilding

Introduction: My name is Sen. Ignacio Ratke, I am a adventurous, zealous, outstanding, agreeable, precious, excited, gifted person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.